Iwwert eis

Wee si mir?

Smartwielen ass e Projet vun der Uni Lëtzebuerg, dem Zentrum fir politesch Bildung (ZpB) an dem LISER. Et ass eng ugepasste Versioun vum smartvote, eng sougenannten VAA (Voting Advice Application), déi 2003 an der Schwäiz entwéckelt gouf a vu Politools bedriwwe gëtt.


Universitéit Lëtzebuerg

  • Raphaël KiesChercheur an der Politikwëssenschaft
  • Dan SchmitDoktorand an der Politikwëssenschaft

D'Universitéit Lëtzebuerg ass eng ëffentlech Héichschoul mat Schwéierpunkt op Fuerschung zu Lëtzebuerg.

D'Fakultéit fir Sprooch, Literatur, Humanwëssenschaften, Konscht an Educatioun (FLSHASE) ass spézialiséiert an der Fuerschung am Beräich vun den Sozial- an Humanwëssenschaften. Sie besteet aus dräi Rechercheunitéiten. D'Politikwëssenschaftler, déi um Projet smartwielen bedeelegt sinn, gehéieren zum Programm "gouvernance européenne" an der Unitéit "Identités, Politiques, Sociétés, Espaces" (IPSE).


Zentrum fir politesch Bildung

  • Marc SchoentgenDirekter
  • Michele SchiltDirectrice adjointe
  • Jenny GrossProject Manager

Den Zentrum fir politesch Bildung (ZpB) ass eng onofhängeg Fondatioun, déi zivillen Engagement promouvéiert andeems si d'Verstoe vu Politik, Demokratie an aktuelle sozialen Erausfuerderunge stäerkt. D'Haaptzil ass et, Jonker z'encouragéieren um politesche Liewen an ëffentlechen Debat deelzehuelen. D'Aarbecht vum Zentrum baséiert op dräi Pilieren:

  • Léieren: Den ZpB entwéckelt Unterrechtsmaterial a Weiderbildungen iwwer aktuell politesch a sozial Themen. Zilpublikum sinn Enseignanten an der Grondschoul an am Lycée esou wei Educateuren an der Kannerbetreiung oder dem Jugendberäich.
  • Verstoen: Den ZpB stäerkt d'Verständnis vun demokratesche Prozesser a sozialen Erausfuerderungen duerch Workshoppen, Debatten, Konferenzen an Ausstellungen. Bicher an aner Informatiounsmaterialie ginn an enger spezialiséierter Bibliothéik zur Verfügung gestallt.
  • Participatioun: Den ZpB organiséiert Concoursen an aner Aktivitéite fir den Interessi vu jonke Leit un der Politik z'encouragéieren. Mir ënnerstëtzen Institutiounen aus der formaler a non-formaler Bildung bei der Entwécklung a Stäerkung vun demokratesche Strukturen.

Luxembourg Institute of Socio-Economic Research

  • Denisa SologonFuerscherin an de Wirtschaftswëssenschaften
  • Peter ShirleyFuerscherin an de Wirtschaftswëssenschaften

LISER ass d'lëtzebuergescht ëffentlecht Fuerschungsinstitut mat Schwéierpunkt op sozioekonomesch Froestellungen. Säin Zil ass et, fundamental an applizéiert Fuerschungsaktivitéiten an de Sozialwëssenschaften duerchzeféieren, fir op eng pluri- an interdisziplinär Manéier en déift Verständnis vun de gesellschaftlechen Entwécklungen an Erausfuerderungen ze schafen. De LISER besteet aus dräi Fuerschungsdepartementer ("Liewenskonditiounen", "Aarbechtsmaart", "Städtesch Entwécklung a Mobilitéit"), dräi interdisziplinäre Fuerschungsprogrammer ("Gesondheet a Gesondheetssystemer", "Grenziwwerschreidend Mobilitéit", "Digital Transformatioun"), engem Zenter fir Verhalenswëssenschaften an engem Datenzenter.


smartvote/Politools

  • Robin Bartlett RissiProject Manager
  • Jan FivazGrënner
  • Daniel SchwarzGrënner
  • Albert WaaijenbergWeb design

Smartvote ass eng schwäizer Voting Advice Applicaiton, déi vun der politesch neutraler, gemengnëtzeger Organisatioun Politools entwéckelt a bedriwwe gëtt. Politools ass en interdisziplinärt, wëssenschaftlecht Netzwierk mat Sëtz zu Bern (Schwäiz). Et entwéckelt internetbaséiert Projeten fir d'politesch Bildung, d'politesch Transparenz an d'politesch Analyse ze fërderen. Säit 2003 huet smartvote Wieler*innen an iwwer 200 Wahlen an der Schwäiz an an Europa informéiert.


soom-it

  • Cédric Reginster
  • Johannes Lötscher
  • Matthias Flückiger

Soom-it ass eng Informatiounstechnologiefirma vu Bern an der Schwäiz, déi sech op d'Entwécklung an den Opbau vu Software a Webapplikatioune spezialiséiert huet. soom-it ënnerstëtzt smartvote zënter 2014 als Haaptpartner am Beräich vun der Technologie.